Séminaire ThetaHealing – Du und Gott (en luxembourgeois/allemand)

Wëlls du deng Verbindung mam Schëpfer stäerken ?

Wëlls du wëssen wéis du d’Äntwerten vun dengem Ego an vum Schëpfer ënnerscheeden kanns?

Wëlls du wëssen wéis du däin Divine Timing eraus fënns?

Dann ass den Seminar Du an Gott fir Dech!

 

Mir kommen an dësem Liewen vir verschidden Niveauen vu Léift zeerreechen; Selbstliebe, Léift fir de Schëpfer, Léift fir eisen Liewenspartner, wéi et ass eis Famill wierklech gär ze hunn, eis Frënn an d’Welt gär ze hunn. Mir wëllen dëst meeschteren, awer wéi kënne mir dëst erreechen wann eis Glawenssätz eis soen et wier onméiglech?

Am Bezéiungsseminar « Du an Gott », léieren mir eisen Ënnerbewosstsinn ze verstoen. Wéi funktionéiert eisen Kierper fir Problemer ze léisen a wéi mir den Ënnerscheed tëscht der Kommunikatioun mat der Energie vum Schëpfer an der Kommunikatioun mat eisem Ego oder mat eisen Höchstenselbst ennerschëdden.. Denkt drun, de Schëpfer ass eng Energie vu renger Léift.

Dës Energie, dës Liewenskraaft ass an all Atom. An all Atom sinn en Deel vun eis an vun allem ronderëm eis. Mir léieren wéi mir eis d’Ënnerbewosstsinn nei ausriichten fir datt et fir eisen höchsten Bëscht schafft.

Dëst ass e wichtege Seminar, well all Kéier wann ech e Seminar ubidden, ginn ech gefrot : « Wéi weess ech datt d’Äntwert vum Schëpfer kënnt? » Dëse Seminar léiert Dir wéi’s Du däin Verstand esou weit brengs d’Ennerscheeder ze verstoen.

Du kanns un dësen Seminar deel huelen wanns du Basic DNA, Advanced DNA an Dig Deeper hues.

Praktesch informatiounen

11 an 12 Dezember 2021, 10h – 17h

Op Lëtzebuergesch/däitsch, zu Bäreldeng

Tarif: 377€ TTC. inklusiv Handbuch an Buch.

Umeldung: Marilène Oberlin, marilene.oberlin@gmail.com