ThetaHealing Seminar – Regenbogenkinder (fir Kanner op lëtzebuergesch)

Hues du Zauberkräeften?

Ech deelen ee Geheimnis mat dir.
Mir hunn all Zauberkräeften, awer vill Leit hunn et vergiess, dofir schwätzt kee méi dovunner.

An den fënnef Deeg, déi mir zesummen verbréngen wäerten, wäerte mir iwwert dëst schwätzen an vill Abenteueren zesummen erliewen.

Du wäerts gesinn:

  • wéi’s du dech mam Schöpfer an zu der Léift an dem Liicht wat ronderëm dir verbannen kanns;
  • wéi’s du meditéieren kanns;
  • wéi’s du op wonnerbarer Aart a Weis mat Déieren an Engelen kommunizéieren kanns;
  • wéi’s du dech mat Planzen verbannen kanns;
  • wéi’s du positive Gefiller entwéckelen kanns;
  • wéi’s du mat Kristallen heelen an reesen kanns;
  • Telekinesie an Telepathie;
  • d’Kraaft vun der Musek;
  • eng Heelung fir Kierper an Séil;
    an nach vill vill méi!

Praktesch Informatiounen

7. bis 11. August 2023, vun 10:00 bis +/-16:00 Auer zu Bäreldeng.
Fir 6 Kanner tëscht 7 an 11 Joer.

Präis

1 Kand: Early Bird bis 15. Juni : 404€TTC , ab 16. Juni 485€ TTC
2 Kanner oder méi vun enger Famill: -10%
Am Präis ass dat ganzt Material wat d’Kanner kréien mat abegraff.

Wat solls du matbréngen?

– Eng Liblingssaach déi’s du oft bei dir hues oder benotzt.
– Ee Meditatiouns-Këssen an eng Décken.
– Eng Waasserfläsch
– Däin Mëttegiessen
– Ee déckt Puer Strëmp oder Schlappen
– Ee Notizbuch an däin Liblingsstëft
an natierlech vill Freed an Virwëlls!

Feedback vun enger Mamm

« Wonnerschein, fier grouss an kleng, eng mega Formatioun, meng Kanner froen mech nach no 6 meint weini machen mir et nach eng Kéier. Meng Kanner waerten et nie vergiessen. Esou vill Gedolt an Leift, an vill Iwwerraschungen! Du bass fir daat gemaach. »

 

Ech freeën mech schonn op dech!

Marilène Oberlin
marilene.oberlin@gmail.com
+352 621 826 680