Nouveau! – Formation ThetaHealing Enfants Arc-en-ciel pour enfants de 7 à 11 ans du 18 au 22 juillet en luxembourgeois!

Hues du Zauberkräeften?

Ech deelen ee Geheimnis mat dir.
Mir hunn all Zauberkräeften, awer vill Leit hunn et vergiess, dofir schwätzt kee méi dovunner.

An den fënnef Deeg, déi mir zesummen verbréngen wäerten, wäerte mir iwwert dëst schwätzen an vill Abenteueren zesummen erliewen.

Du wäerts gesinn:

  • wéi’s du dech mam Schöpfer an zu der Léift an dem Liicht wat ronderëm dir verbannen kanns;
  • wéi’s du meditéieren kanns;
  • wéi’s du op wonnerbarer Aart a Weis mat Déieren an Engelen kommunizéieren kanns;
  • wéi’s du dech mat Planzen verbannen kanns;
  • wéi’s du positive Gefiller entwéckelen kanns;
  • wéi’s du mat Kristallen heelen an reesen kanns;
  • Telekinesie an Telepathie;
  • d’Kraaft vun der Musek;
  • eng Heelung fir Kierper an Séil;
    an nach vill vill méi!

Praktesch Informatiounen

18. bis 22. Juli 2022, vun 10:00 bis +/-16:00 Auer zu Bäreldeng.
Fir 6 Kanner tëscht 7 an 11 Joer.

Präis

1 Kand: 485€ TTC
2 Kanner oder méi vun enger Famill: -10%
Am Präis ass dat ganzt Material wat d’Kanner kréien mat abegraff.

Wat solls du matbréngen?

– Eng Liblingssaach déi’s du oft bei dir hues oder benotzt.
– Ee Meditatiouns-Këssen an eng Décken.
– Eng Waasserfläsch
– Däin Mëttegiessen
– Ee déckt Puer Strëmp oder Schlappen
– Ee Notizbuch an däin Liblingsstëft
an natierlech vill Freed an Virwëlls!

Ech freeën mech schonn op dech!

Marilène Oberlin
marilene.oberlin@gmail.com
+352 621 826 680